CORONA

BOLIVIEN

Aus Bolivien héiert een bei eis zu Lëtzebuerg net vill zur Coronakris. Mee d’Situatioun ass do ganz ugespaant; an de grousse Stied wéi La Paz oder Cochbamba stierwen Mënschen op der Strooss un dem Virus.
Mer kréien a reegelméissegen Matdeelungen vum Mercedes Gutierrez-Cuellar, Responsabel vu Cristo Vive Bolivia, d‘Lag erklärt: Zënter Méint war praktesch déi ganz Bevëlkerung an enger strenger Quarantän. Sortien waren nëmmen eng Kéier d’Woch erlaabt, fir déi liewesnoutwenneg Besuergungen ze maachen. An trotzdeem huet sech de Virus staark ausgebreet. Wëll vill Léit net méi kënne schaffe goen oder hir Wueren net méi verkafe kënnen, hu si keen Akommes. Dëst bedeit kee Geld fir Liewensmëttel a keen Zougang zu Medikamenter.


Mataarbechter vun Cristo Vive kënnen sech zënter Mëtt Juli erëm vun méindes bis donneschdes em déi aarm a bedürfteg Leit këmmeren. Sie verdeelen Liewensmëttelpäck, bréngen Hygiènesartikelen laanscht a maachen déi néideg Krankevisitten.

D’Schoulen a Bolivien sinn nach ëmmer zou. D‘Grondschoulkanner haaten zënter Méint keng Coursen méi. D’Beruffsschüler aus der Handwierkerschoul zu Bella Vista sollen iwwer Homeschooling ënnerriicht ginn. Mee en Deel vun de Schüler huet keen oder nëmmen e ganz begrenztenen Zougang zum Internet. Et ass ze fäerten, dat der vill vun hinnen no der Krise net méi mat hirer Ausbildung weiderfueren, mee doheem bleiwen a schaffen fir d’Famille finanziell ze ënnerstëtzen.

CHILE

D’Diane Catani, lëtzebuerger Theaterpädagogin, schafft zënter Joren an engem Armevéirel zu Santiago de Chile. Elo an der Coronakris gesäit d‘Ekipp vun der Asbl Teatrobus, dass bei verschiddene Famillen vun de Kanner a Jugendlechen aus dem Theatergrupp dat Néidegst feelt – grad elo, an der kaler Joreszäit.
Dowengst huet d’Diane mat senger Ekipp:
– Liewensmëttelkëschten a Gasfläschen verdeelt,
– de Stéit ouni Akommes erméiglecht, fir hir Waasser- a Strourechnungen ze bezuelen,
– eemol an der Woch beim Kachen a Verdeelen
vun bis zu 500 waarmen Moolzechten gehollef.


Den TeatroBus funktionéiert an der Kris weider, online. Mee di laang Quarantän op enkem Raum huet Konsequenzen, wéi d’Diane bericht:
Déi Jugendlech vun der Theatergrupp si nämlech zimlech um Enn mat de Nerven, an eis wëchentlech online Theatercoursen hu sech quasi an eng Berodungsstell verwandelt. Se kräischen vill, vereenzelt hu se Schlof- an Ernährungsproblemer an och an engem Fall, Neigung zur Selbstverletzung. Dofir versiche mir lo verschidde Meedercher, déi an Depressioun wéinst der ganzer Situatioun sinn, eng gratis psychologesch Hëllef unzebidden.“