Puriskiris

Zanter 2012 bezuele mir ee Sozialaarbechter, deen sech em ronn 100 eeler Persounen (haaptsächlech Fraen) bekëmmert. Des Persoune liewen a gréisster Aarmut, oft nëmmen an engem einfachen Zëmmer ouni Waasser an Elektresch. Säit e puer Joer kréien si vum bolivianesche Stad eng Rent „renta dignidad“ vun ca 30 Euro pro Mount. Dëst geet an de seelenste Fäll duer fir ze iwwerliewen. Eise Partner gëtt hinnen all zwou Wochen zousätzlech Liewensmëttel a kuckt no de Leit déi gréisstendeels ouni hier Famillen auskomme mussen.

De Projet leeft zanter 2012

CORONA: Den Dingscht vun der Fundacion Cristo Vive fir Betreiung vun den eelere leit ass permanent garantéiert gin. Grad si als vulnérabel Persounen brauchen eng intensiv Pfleg an de Beraicher Gesondheet, Ernährung a Baistand bei Rechtsfroen. Lues a lues kommen och sie nees an déi gewinnte Routin zreck an d’Aktivitéite laafe nees un. Sou sammelt oder keeft d’Rosario Material fir un Boomercher ze verdeelen dat sie stécken, strécken oder bitze kënen. Dës Produiten gin da verkaaf an Damme brauche net heechen ze goen.

Ausserdem huet d’Fundacion mam Ariichte vun engem Haus ugefaang fir eeler Leit ze empfänken an sie fir e puer Stonnen méi intensiv ze betreien.