SOS-Direkthëllef

De Projet leeft sait Abrëll 2011.

Ugefaang huet dëse Projet als Gesondheetsfong, mat deem mir Kanner d’Meiglechkeet op e Contrôle beim Dokter souwei Zänndokter gin hun. Duerch Ännerungen am bolivianesche Gesondheetssystem a méi sozial Versëcherunge vun de Leit ass dëse Projet ëmmer manner wichteg ginn.
Mir hun ee Noutfallfong ageriicht fir bei besonnechen Uläss wéi z.B. enger Operatioun, bei der de Staat nët alles Oder naischt oofdeckt, finanziell ënnert d’Ärm ze graifen. Op dëse Fong gouf an de läschte Joer schon e puer mol zréckgegraff.

CORONA : Aus aktuellem Ulass hu mir décidéiert, Suën fir eis Partner ze déblockéieren, fir hinnen Méiglechkeet ze ginn sech mat deem néidegsten ze versuergen. Coronapandemie huet Südamerika besonnech haard getraff a vill Leit haate mol keng Suen méi fir sech eppes fir ziessen ze kaafen. Sou konnte mir jeweils 1500€ un d’Fundacion Cristo Vive am Chile an a Bolivien souwéi un eise Partner Teatrobus iwwerweisen.