Hausaufgabenhëllef fir Grondschoulkanner

D’Kanner aus de Primärschoule vu Bella Vista a vun Tirani brauchen Hëllef fir mat den Hausaufgaben eenz ze gin an Inhalter opzeschaffen. Andamos stellt d’Mëttel zur Verfügung, fir eng Persoun mat enger halwer Tâche anzestellen an dem Léierpersonal sou ënnert d’Ärm ze gräifen. D’Kanner sollen och doduerch d’Chance kréien, hir Primärschoul ze packen – och wann hir Elteren hinnen net kënnen hëllefen.

Dese Projet leeft sait 2011.

CORONA: Am Moment kann dëse Service nëmme begrenzt ugebuede ginn. Schoulen si bis next Joer zou an Kanner ginn, esou wait et méiglech ass informatesch ënnerriicht. Dir kent iech awer virstellen, datt dëst nëmme ganz wéineg méiglech ass well vill Kanner kee Computer doheem hun. Villes leeft dann iwwert den Handy wou gemengerhand een am Stoot ass, oder iwwert Privatbesich bei de Kanner doheem.