ANDAMOS KAARTEN 2020

Wéi all Joer présentéiert Andamos iech eng Rei Kaarten déi dir fir 1,50€/Stéck bezéie kënt. Dëst Joer hu mir 4 Modeller fir verschidden Occasioune gemach.



1. Eng Chrëschtkaart
2. Eng Neijooschkaart
3. Eng allgemeng Ëmmer-gutt-Kaart
4. Eng Bäileedskaart

Wann dir eng Commande mache wëllt, maacht eis ee Message mat der Nummer vun der Kaart, ärem Numm an der Unzuel vun de Kaarten.

TEATROBUS

Säit zwee Méint schon ass Diane Catani, eis Partnerin vum Projet TEATROBUS zu Santiago de Chile, mat sénge Kanner zu Lëtzebuerg. Eng kleng Auszait vum schwierejen Alldag zu Santiago. Lockdown zënter Mëtt März, Spillplatzen an Schoulen zou, keng sozial Kontakter, wëll een d’Haus verloosse fir akaafen ze goen, muss een am Virfeld ee Permis ufroen an huet dofir 3 Stonnen Zait…
Diane ass Responsabel vun TEATROBUS, engem soziale Projet an dem Aarmevéierel Quinta Bella. Theatercouren déi soss am Grupp, an engem Raum stattfannen, kënen de Moment, wann iwwerhaapt, nëmmen online gehaal gin. Daat sozialt, daat Zesummesinn mat anere Kanner, deele vun hiere Suergen an ee kuerzt Entfléie vum Alldag doheem fällt ewech. Wichteg ass et a Kontakt ze bleiwen, Dofir rifft d’Vilma, eng Mataarbechterin vun TEATROBUS de Kanner régelméisseg un, fir hinnen an der nach méi schwéierer Zait wéi soss ze weisen dat een do ass fir nozelauschteren, dat et ee gët deen un sie denkt a gleeft.

De Besuch zu Lëtzebuerg ass nët wéi soss mat engem stramme Programm verbonnen. Dëst Joer, wéinst deene ganzen Coronarestrictiounen fällt en anescht aus. Et ass méi Zait Famill ze gesin, virun allem awer Zait fir sech selwer, doheem ze sinn oder mat de Kanner Natur zu Lëtzebuerg, am Fraien ze erliewen. Do dernierft ass de Besuch doheem zu Lëtzebuerg awer kee Congé. Diane schafft online, ass virtuell mam Chile, mat sénge Leit verbonnen. Ausserdem hu séng Kanner all Dag Onlinecouren… Eng ähnlech Situatioun wéi mir selwer am Lockdown mam Homeschooling haaten. Just dat a séngem Fall déi wäit Distanz an d’Zaitverschiebung dobai kommen.
Séng Virstellung vun der Situatioun zu Lëtzebuerg haat Diane falsch ageschaat. Daat graffst ass eriwwer haat hat geduecht, mee sait e puer Wochen zitt Pandemie hier Schléng hei erëm méi zou. Grad elo, wéi et zu Santiago erëm ufänkt besser ze ginn.
Doheem, zu Santiago, hëlt Diane sëch eng Auszait andeems et sech op den Dag vu séngem Haus zréckzitt. Hei kritt hat dee néidejen Oofstand vun der Problematik ronderem de Corona, an huet Raum fir nozedenken. Corona ass a Südamerika wésentlech méi präsent wéi bei eis, vill Familjen sti virum finanziellen Aus, Entreprisen notzen d’Krankheet a kënegen hiere Leit den Aarbechtskontrakt vir nei Leit fir méi bëllecht Geld anzestellen. Vill Leit hu keng Suen méi fir hier Familjen ze ernähren. D’Armut gët emmer méi grouss an ëmmer méi sichtbar. Weider Problemer do ronderëm, wéi d’Kriminalitéit z.B. huelen dobai zou.

Fir den Theater weider liewen ze loossen, liesen, nee spillen Diane a séng Leit de Kanner Märercher fir. Fir d’éischt eleng, duerno iwwerhuelen Kanner ëmmer méi eng aktiv Roll am digitalen Theaterspill. Nët jidereen huet ee Computer an esou gët den Handy ee wichtegen Tool an hierer Isolatioun, ass Kommunikatiounsmëttel no baussen fir mat aneren ze schwetzen a sech ze gesin. Esouguer Entspaanungsübungen a psychologesch Betreiung ginn iwwert den Telefon ugebueden.

Nierft sénger eigentlecher Aarbecht hëlleft Teatrobus gelegentlech bei enger ëffentlecher Kichen, enger Suppenküche déi vun der Capilla, der Poor, ronderem d’Schwester Karoline vun der Fundacion Cristo Vive organiséiert gët. Sie bedeelejen sech um Kachen an hëllefen beim Verdeelen vum Iessen un déi Ärmst aus dem Véierel. Solidaritéit gët grouss geschriwwen, jidereen engagéiert sech sénge Méijlechkeete no.

Och Andamos bedeelecht sëch sou wéi ët geet. De Projet ass d’ganzt Joer iwwer weider finanzéiert ginn a viru kuerzem hu mir zousätzlech 1500 € iwwerwisen fir do anzesetze wou se am dringensten gebraucht ginn. Sëcherlech ass dës Hëllef nëmmen eng Drëps op ee warme Steen, eng Léisung fir all déi Problematiken am Chile ass et nët.

Diane ass mëttlerweil nees um Sprong fir heem, op Santiago. Frou fir zréck a sai Quartier, bei sai Mann a séng Frënn. Awer traurech d’Famill hei zréckzeloossen. Kee wees wéi ët weidergeet an a mat der Pandemie. Bei eis ass déi zweet Well voll um Rullen, zu Santiago déi éischt nach nët ganz eriwwer. Courage Diane, mach et gutt a schéck eis heiandsdo eng Foto wous de op déngem Dach sëtz.

ANDAMOS on Tour

ANDAMOS on tour um Secondhand-Maart zu Biereng bei Miersch. Kleeder, Schung a méi fir sozial Praisser. En Deel vum Erléis ass fir eis! Decke Merci un Sylvie Hames a séng Equipe.

Konto

Fir déi Leit déi eis gären en Don maachen oder e Parrainage iwwerhuelen hei ass eis Kontosnummer:

BCEE LU80 0019 2955 3635 3000

Fir weider Infoen schreift weg un:

info(at)andamos(punkt)lu

Merci

Weekend Bilan

Wéi di Joere virdrun soutze mer leschte Weekend zu Hinkel zesummen fir Bilan ze zéie vum vergangene Joer a fir an Zukunft ze kucken. Eng grouss Staip fir ons Aarbecht sin déi regelméisseg Donen vun eise Pätteren a Giedelen déi mat hierem finanziellen Deel, de Jonken am Internat Musuj K’anchai eng Chance op betreit wunnen an eng Ausbildung gin. Awer och all aneren Don helleft ons vill eis Projeten ze realiséieren. Ee ganz grousse Merci dofir.

TEATROBUS!!

Endlech, no ville Joeren schaffen, baangen an hoffen ass et esouwait. Teatrobus ass komplett a feiert de 7. Mee d’Inauguratioun vun hierem BUS Cultural. Viva Teatrobus 

Don

Déi Ierpeldenger Kanner waren haut liichten. Den Erléis hun sie un ANDAMOS gespennt. (D’Séisigkeeten hun mir ewer net matgeholt;-) 

Start an di nei Saison 2017

Wei all Joer haate mir den 21./22. Januar eisen traditionellen Reflexiounsweekend zu Hinkel um Kulturhaff Millermoler. ( http://www.kumimo.lu/kulturhaff.html )

Dese We ass de Start an eis nei Saison, mir zeien ee Bilan vum vergangene Joer a kucken an Zukunft. 

a weider geet et…

No eisem Treppeltour moies si mir fir Mettegiessen beim Hilde zu Wintersdorf mat enger gudder Schmier verwinnt ginn.

All Reflexioun brauch seng relax Plaatzen. Hei beim Shavasana op dem fuschneie gehetzte Buedem.
Bilan con Pisco