Parrainage

Mir organiséieren e Parrainage fir Jugendlecher aus de ländleche Géigende ronderëm Bellavista, engem klengen Duerf bei Cochabamba, der drëttgréisster Stad a Bolivien. Déi Jugendlech kommen aus verschiddenen Deeler vu Bolivien zB. La Paz, dem Norde vu Potosí, Oruro an ofgeleeënen Géigende vu Cochabamba, a liewen zesummen am Internat Musuj K’anchay. Dëst Internat ass am Kader vun engem Projet vun der ONG Guiden a Scoute mat der Drëtter Welt an de Joren 2007/2008 entstanen. Duerch eis Bedeelegung gi mir de Jugendlechen d’Méiglechkeet eng Ausbildung an der Handwierkerschoul Sayarinapaj ze maachen, déi direkt un d’Internat ugebaut ass.

Dëse Projet leeft säit Februar 2009.

Fir ee Schüler ze ënnerstëtzen, ginn 25 Euro de Mount gebraucht. Heimat gëtt en Deel vu sengem Iessen, Wunnen a senger Ausbildung bezuelt. E weideren Deel steieren déi Jugendlech selwer bäi. De Rescht finanzéiert d’Fundacion iwwer eege Fongen. Fir den Encadrement vun de Jonke suergt en Erzéier. Wann Dir wëllt, kënnt Dir ee Schüler a Form vun engem Parrainage begleeden. Mëttlerweil hu mir iwwer 30 Parrainagë lafen.

Säit 2010 ënnerstëtze mir eis Jugendlech ausserdeem gelejendlech bei hire Fräizäitaktivitéiten. Mir kafe Musekinstrumenten, Sportgeräter a Bicher.

CORONA: Bolivien ass haard getraff gi vun der Coronapandemie. Medizinesch Versuergung ass net esou garantéiert wéi bei eis a besonnesch an de ländleche Géigenden hun Leit quasi keng Méiglechkeet bei den Dokter oder an eng Klinik ze goen.

Am Internat Musuj Kanchay si mëttlerweil 11 Studenten zreckkomm. Fir d’Sanitär Moossnahmen ze erméiglechen kënen teschent 15 an 20 Studenten opgeholl ginn. (Am Normalfall sin et der em 50!) Mat hinnen gi verschidde praktesch Aktivitéiten duerchgefouert. 

Mee wéi hei och laafen d’Onkäschte weider a fir ze garantéieren dat mir d’Internat och weiderhin ënnerstëtze kenen fréeë mir eis weider hin op är Matthëllef.