Projeeën

ANDAMOS gëtt et säit 2008. Eis Projete gi mat onse Partner op der Platz ausgehandelt a mir lauschteren op hier Besoinen a Gedanken ouni ons eegen Iddien opzedrängen. Entwéckelt sech aus esou Gedanken e Projet gëtt gekuckt op keng Hëllefstellung vu bolivianescher Säit aus méiglech ass. Mir préiwen de Projet bei eis, a wa mir en unhuele garantéiere mer eisem Partner dat mir de Projet 3 Joer laang finanzéieren. Daat gëtt hinnen aner Perspektiven a Méiglechkeeten an de Projet krit domat méi e nohaltege Charakter.

Fir ons Projet ze préiwen, nei ze iwwerdenken an Neies ze plangen, fuere mir all 2 Joer op eege Käschten a Bolivien.