Weekend Bilan

Wéi di Joere virdrun soutze mer leschte Weekend zu Hinkel zesummen fir Bilan ze zéie vum vergangene Joer a fir an Zukunft ze kucken. Eng grouss Staip fir ons Aarbecht sin déi regelméisseg Donen vun eise Pätteren a Giedelen déi mat hierem finanziellen Deel, de Jonken am Internat Musuj K’anchai eng Chance op betreit wunnen an eng Ausbildung gin. Awer och all aneren Don helleft ons vill eis Projeten ze realiséieren. Ee ganz grousse Merci dofir.

Konto

Fir déi Leit déi eis gären en Don maachen oder e Parrainage iwwerhuelen hei ass eis Kontosnummer:

BCEE LU80 0019 2955 3635 3000

Fir weider Infoen schreift weg un:

info(at)andamos(punkt)lu

Merci

Konst am Gaart

De 7. Mee ware mir zu Elwen beim Konst am Gaart Festival am Asatz. Bei bedecktem Himmel hu mir nierft ville bekannten a nach net esou bekannte Kenschtler opmierksam gemach op eis asbl an eis Projeten. Ee flotten Dag….

Start an di nei Saison 2017

Wei all Joer haate mir den 21./22. Januar eisen traditionellen Reflexiounsweekend zu Hinkel um Kulturhaff Millermoler. ( http://www.kumimo.lu/kulturhaff.html )

Dese We ass de Start an eis nei Saison, mir zeien ee Bilan vum vergangene Joer a kucken an Zukunft. 

a weider geet et…

No eisem Treppeltour moies si mir fir Mettegiessen beim Hilde zu Wintersdorf mat enger gudder Schmier verwinnt ginn.

All Reflexioun brauch seng relax Plaatzen. Hei beim Shavasana op dem fuschneie gehetzte Buedem.
Bilan con Pisco