Kreschtkaarten 2015

Déi nei Kreschtkaarten kene vun elo un bei eis bestallt gin. Zur Auswiel sti 4 Motiver, alleguer entworf a gezeechent vum Nadine. De Praiss ass weiderhin 1€ Steck.

Kaarte sin ca 20/10 cm grouss mat engem Klappdeckel. Sie kene souwuel fir Privat wéi och fir Entreprisezwecker genotzt gin. Avis aux amateurs.

Ze bestelle iwwert contact@andamos.lu mat der Angab wéi vill a wéi ee Motiv, oder direkt bei engem vun eis.

Geliwwert gi se Ufank Dezember.

   
Motiv1

 
Motiv2

   
Motiv3

 
Motiv4

Ausstellung-Viva la vida

Wien en Deel vun eiser Ausstellung well gesin oder nach evt e Bild fir eng next Geschenkoccasioun well kaafen, kann dest bei der Quincaillerie Dimmer an der Fiels (Larochette) machen. Mir hun eng kleng Auswiel do hänken. Merci Här Dimmer.   www.dimmer.lu

ANDAMOS ON TOUR

23.07.2013

Haut war eng Delegatioun vun Andamos bei engem Virtrag vum Martine Greischer, Cooperante vun der ONG „Eng Bréck mat Latäinamerika“, wat iwwert säi Projet zu Cochabamba geschwat huet. Am September 2012 huet Martine mat sengem Projet „trabajo digno“ Ënnerstëtzung fir eng wierdeg Aarbecht an engem klenge Büro am Zentrum vu Cocha ugefaang a konnt mat senger Initiativ bis ewell ëm 100 Leit encadréieren a begleeden op hirer Sich no enger Aarbecht. Méi dozou ënnert:

http://cercle.lu/ong/eng-breck-mat-latainamerika/art33/

https://www.facebook.com/martine.greischer

Mir besichen Martine bei eiser Visite am August zu Cochabamba.

Vill Spaass nach an der Vakanz ;o) bei denger Famill a Frënn a weiderhi vill Courage an Asaz fir däi Projet.

ANDAMOS ON TOUR

De 15. Juli huet Andamos e Scheck an der Heicht vun 11000 € vun de Grondschoulkanner vun Ierpeldeng bei Ettelbreck krit. Sie hun des Suen am Kader vun hierem Sponsored Run 2013 erschafft. Jiderengem deen dru bedeelegt war e ganz grousse Merci