Teatro-Bus

‚Teatro-Bus‘ as en theaterpädagogeschen Projet, deen mat sozial a kulturell benoodeelegte Kanner, Jugendlechen (an Erwuessenen) an engem Aarmevéirel zu Santiago de Chile am Chile schafft.

Zesummen gett zu engem sozialen Thema (Drogen, Gewalt, Emwelt, Ernährung, etc.) en Theaterstéck entwéckelt, dat dann op verschiddene Plaazen opgefouert gett. D’Visioun ass, e faarwege Bus ze hun, deen d’Schauspiller dann vu Plaaz zu Plaaz féiert. Gläichzäiteg soll de Bus als ‚Beroodungsstell‘ funktionéiren, wou d’Zuschauer no der Präsentatioun vum Theaterstéck Info-Material zum Thema kenne kréien.
D’Zil ass et, de Kanner d’Méiglechkeet ze gin, duerch den theaterpädagogeschen Prozess hir Perséinlechkeet ze entfaalen an eng sënnvoll Fräizäitbeschäftegung ze hun.
‚Teatro-Bus‘ leescht domatt e wichtegen Bäitrag zur Präventioun a léisst d’Kanner an  d’Jugendlecher zu Wuert kommen. Teatro-Bus bréngt Kultur an d’Aarmevéirel.

Responsabel vum Projet as d’Diane Catani,eng Lëtzebuergerin, déi am Chile liewt. D’Diane as Theaterpädagogin an Sozialpädagogin an as frou iwer all Réckmeldung:
Email: dianecatani1978@gmail.com

‚Teatro-Bus‘ as e Projet deen säit Dezember 2009 funktionéiert.

2014 huet Teatrobus eng kënschtleresch Paus ageluecht fir sech nei ze fannen an ze organiséieren. Dofir ass an dësem Joer näischt vun Andamos aus bezuelt ginn.

2015 huet Teatrobus nees mat neier Motivatioun ugefaang. De gréissten Deel vum Projet gëtt iwwert d’ONG „Ninos de la tierra“ finanzéiert. ANDAMOS bezilt d’Peie vun 2 Proffen déi Ateliere mat de Kanner maachen.