Wëllkomm op eiser neier Homepage.
Fir méi aktiv a flexibel um www ze schaffen hu mir eis Homepage iwwert WordPress erstallt.
Dëse Site ass nach an Aarbecht a gëtt regelméisseg aktualiséiert.
Feedback a Kritik ass wëllkomm.
“Andamos!” heescht op Spuenesch: Kommt, mir ginn!
Wee si mir?
Mir sinn e Grupp vu Jonken, déi bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten Erfahrungen an der Entwécklungshëllef gemaach hunn; mir hunn aktiv bei Projeten am Chile, Bolivien an am Senegal gehollef. Säit Dezember 2008 si mir eng unerkannten a.s.b.l.
Eis Ziler
Elo wëlle mir kleng an iwwerschaubar Hëllefsaktiounen a Latäinamerika realiséieren. Esou versiche mir:
– Aktiounen ze lancéieren, déi d’Liewesëmstänn vu benodeelegte Leit a Latäinamerika verbessere kënnen;
– d’Aarbecht vun Associatiounen ze ënnerstëtzen, déi mir kennen a schätzen;
– op konkret Problemer a Latäinamerika opmierksam ze maachen.
Weider Informatioune kritt Dir bei:
Carmen Seyler a Luc Azzeri
Liesie Gompelmann a Frank Arend
Nadine Lamesch a Marc Frieden
