ANDAMOS ON TOUR

23.07.2013

Haut war eng Delegatioun vun Andamos bei engem Virtrag vum Martine Greischer, Cooperante vun der ONG „Eng Bréck mat Latäinamerika“, wat iwwert säi Projet zu Cochabamba geschwat huet. Am September 2012 huet Martine mat sengem Projet „trabajo digno“ Ënnerstëtzung fir eng wierdeg Aarbecht an engem klenge Büro am Zentrum vu Cocha ugefaang a konnt mat senger Initiativ bis ewell ëm 100 Leit encadréieren a begleeden op hirer Sich no enger Aarbecht. Méi dozou ënnert:

http://cercle.lu/ong/eng-breck-mat-latainamerika/art33/

https://www.facebook.com/martine.greischer

Mir besichen Martine bei eiser Visite am August zu Cochabamba.

Vill Spaass nach an der Vakanz ;o) bei denger Famill a Frënn a weiderhi vill Courage an Asaz fir däi Projet.

ANDAMOS ON TOUR

De 15. Juli huet Andamos e Scheck an der Heicht vun 11000 € vun de Grondschoulkanner vun Ierpeldeng bei Ettelbreck krit. Sie hun des Suen am Kader vun hierem Sponsored Run 2013 erschafft. Jiderengem deen dru bedeelegt war e ganz grousse Merci