Zu Bettel…. Haut…. Elo op der Betteler Gare
Archiv des Autors: luc
Nationalfeierdag zu Bettel
Kurzmitteilung
Eise nexten Asatz ass den 23. Juni zu Bettel op der Gare wou mir un engem Fest vum Furener Syndicat deelhuelen. Ab 14.00 Auer…
Nei Homepage
Wëllkomm op eiser neier Homepage.
Fir méi aktiv a flexibel um www ze schaffen hu mir eis Homepage iwwert WordPress erstallt.
Dëse Site ass nach an Aarbecht a gëtt regelméisseg aktualiséiert.
Feedback a Kritik ass wëllkomm.
“Andamos!” heescht op Spuenesch: Kommt, mir ginn!
Wee si mir?
Mir sinn e Grupp vu Jonken, déi bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten Erfahrungen an der Entwécklungshëllef gemaach hunn; mir hunn aktiv bei Projeten am Chile, Bolivien an am Senegal gehollef. Säit Dezember 2008 si mir eng unerkannten a.s.b.l.
Eis Ziler
Elo wëlle mir kleng an iwwerschaubar Hëllefsaktiounen a Latäinamerika realiséieren. Esou versiche mir:
– Aktiounen ze lancéieren, déi d’Liewesëmstänn vu benodeelegte Leit a Latäinamerika verbessere kënnen;
– d’Aarbecht vun Associatiounen ze ënnerstëtzen, déi mir kennen a schätzen;
– op konkret Problemer a Latäinamerika opmierksam ze maachen.
Weider Informatioune kritt Dir bei:
Carmen Seyler a Luc Azzeri
Liesie Gompelmann a Frank Arend
Nadine Lamesch a Marc Frieden
Konto ANDAMOS asbl.
Eis Kontosnummer ass: BCEE LU80 0019 2955 3635 3000
Wann dir eis gären en Don maacht oder e Parrainage iwwerhuele wéilt, gitt dëst weg als Vermierk bei der Iwwerweisung un.
Merci

